Virbereede vun der Parzell: Plouen an düngen

D’Wierder ass endlech besser, also gëtt et héich Zäit de Gaart ëmzeplouen.

Schofswoll gëtt als Langzeitdünger mat an de Buedem geplout.

Verdeele vun Gülle a kompostéierter Päerds- a Geesemëscht op 200m2 (manuell)

De Buedem gëtt esou op gelooss, fir dass de Frascht nach emol kann eranzéien.

Next step: Mat der Eed (Egge) driwwer fuere fir alles richt ze zéien an gréisser Klompen ze zerklengeren.

Ee grousse Merci geet un de Marc an den Tom déi mir haut sou fläisseg gehollef hunn!

Virzucht vun Tomaten, Paprika & co

Déi éischt Planze gin virgezun!

  • Reisetomate
  • Salattomate “Rote Zora”
  • Salattomate “Schönhagener Frühe”
  • Marktomate “San Berao”
  • Fleischtomate “Paprikaförmige”
  • Riesentomate “Ananas”
  • Cocktailtomate “Sibirisches Birnchen”
  • Cherrytomate “Celsior”
  • Aubergine “Blaukönigin”
  • Paprika “Langer Süsser”
  • Paprika “Frühzauber”
  • Chili “Rotes Teufele”
  • Chili “Lila Luzi”
  • Pepperoni “Elefantenrüssel”

 

Als Zousatzbeliichtung benotzen ech 2x 45W LED Panels déi mat enger Zäitschaltauer op 14h agestallt sënn.
Ënnert den Paprika an Chilli Planze läit zousätzlech eng Hëtzmatt mat 20W Leeschtung, fir eng konstant Temperatur iwwer 20° ze garantéieren.