No bal 3 Wochen sënn d’Tomatekeimlinge grouss genuch fir pikéiert ze ginn!

Fir de neie Buedem hunn ech eng Mëschung aus gedüngtem Gaardebuedem a Kokossubstrat gemach.
De Buedem enthält also genuch Nährstoffer fir der Planz dat néidegst mat op de Wee ze ginn an duerch dat lockert Kokossubstrat gëtt eng gutt Wuerzelbildung erméiglecht.
Ganz behutsam ginn d’Planzen also erausgeholl, getrennt an an déi nei Dëppercher, bis zu de Keimblieder, gesat.
Hei geschitt dann och schonn déi éischt Selektioun vun de Planzen, insgesamt 6 vun all Zort gi gehal.

Nach eng Kéier géissen, an scho si se erëm prett fir ënnert d’Lut ze kommen.
Ee grousse Merci un den Marcio deen mir gehollef huet.

Akute Plazmangel…!

