No längerer Paus kennt rem een Update aus dem Gaart.
Dësse Mount ass villes geschitt an dofir machen ech eng Kuerzfassung an dëssem Post
18te Mee: Aussaat vun den Einlegegurken / Salatgurke an den Zucchini

Am Hannergrond erkennt een gudd den Moschter deen alles iwerwiist an sou den Onkrautdrock kleng hällt.
21te Mee: D’Tomaten gin ageplanzt! Fir den Support hun ech mech fir Bambusstange vun 2.1m entscheed.
Déi gin an engem Ofstand vun jeweisl 75cm an de Buedem gestach. Do dernierwt gin dann d’Tomaten ageplanzt.

Leider sen all meng Beschrëftungen op den Etikette nemei liesbar also hun mer d’Tomaten gemëscht geplanzt.


“Wéi man mer dat lo?”

Hei gesäit een 2 vun 3 Tomatereien mat der Gründügung déi deemneechst muss gekappt gin.
25te Mee: Zalot “Forellenschluss” an Radéisercher séinen

Dës Foto weist schéin wéi den Buedem sech verbessert huet säit dem Ufank vum Joer.
Duerch d’Gründüngung gëtt de Buedem lacker an léist sech gudd mat der Handfräs zergrimmlen.
26te Mee: Gründüngung ofschneiden an de Spinat kappen, allgemeng tëschend an an de Reie botzen.

De Spinat fänkt lo un ze schéissen (An d’Bléi ze goen), dowéinst gëtt en lo gekappt an tëschend de Reie als Trëppelwee leihe gelos.

Eng vue op d’Pléckzaloten, Mangold an d’Äiszalot nom Botzen.

D’Reie nom botzen. De Moschter, deen och scho schéisst, hun ech mat enger Handséisel ofgeméint.
Sou kann de Moschter namol nowuessen bevir en dann endgülteg gekappt gëtt virum séinen.

Vu lénks no rechts: Ierbsen, Muerten, Tomaten, Muerten, Wirséng, Zalot Forellenschluss (ausgeséint) an namol Tomaten.

Eng Foto vun der éischter richteger Ernt: Radéisercher an Spinat.
2te Juni: D’Ierbse kréien een Droht fir sech festzehaalen.

Leider hun ech net vun all Aktion eng Foto dowéinst as hei nach eng Lëscht mat dem Geméis wat dësse Mount geséint bzw. geplanzt gouf:
Zucchini Zuboda
Einlegegurke Vorgebirgstrauben
Gurke Vyaznikovsky
Salattomate Rote Zora
Reisetomate
Salattomate Schönhagener Frühe
Marktomate San Berao
Fleischtomate Paprikaförmige
Riesentomate Ananas
Cocktailtomate Sibirisches Birnchen
Cherrytomate Celsior
Aubergine Blaukönigin
Paprika Frühzauber
Chili Rotes Teufele
Chili Lila Luzi
Stockbohnen Margret
Sellerie Plein Blanc de Pascal
Spitzkohl Filderkraut
Rotkohl Roodkop
Brokkoli Rosalind
Rosenkohl Roodnerf
Kohlrabi Lanro
Kopfsalat Luna
Blattsalat Forellenschluss
Pastinaken Halblange Weisse









