Intermezzo: Heckeknuewelek sammele

Dëse Sonndeg war ech Heckeknuewelek, och nach Bärlauch genannt, sammelen.
Den Wëlle Knuewelek ass, wéi den Numm et scho seet, een Kraut aus der Gattung Allium, bzw. aus der Famill vun den Ënneplanzen.

OPGEPASST! Beim sammelen vun Heckeknuewelek besteet eng akut Verwiesslungsgefor mat de Blieder vum Meeréischen, der Hierschtblumm an der Aroumblumm! Déi 3 Planze sënn héich gëfteg an den Verzerr kann déidlech ausgoen!
Dowéinst soll de Bärlauch
nëmmen op Plaze gesammelt gi wou en eleng virkënnt!

Dat leckert Kraut kann een dann zu alle méigleche Saache verschaffen, wéi z.B.:

  • Bärlauchueleg
  • Bärlauchsalz
  • Bärlauchpesto
  • Bärlauchbotter
  • Bärlauchzopp
  • etc …

Ech hu mech fir eng Kräiderbotter entscheet. Hei dat einfacht Rezept:

  • 250g Botter (Marque Nationale)
  • 2 Bond Heckeknuewelek
  • 1 TL Salz
  • 1/2 TL Peffer
  • 1 Sprëtzer Zitrounejus

Den Heckeknuewelek reng hacken, an eng Schossel mat der Botter (Zëmmertemperatur) ginn.
Salz, Peffer an de Jus dozou ginn an dann mat engem Handmixer lues vermëschen. Voilà, fäerdeg ass de Botter!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *