Saatgutlëscht:
- Spinat Butterflay – Bingenheimer Saatgut
- Möhre Chantenay (London Market) – Dreschflegel
De Spinat déngt als Trëppelwee tëschent de Geméisreien an ass sou eng perfekt Markéierungsat fir déi restlech Reien.
An de Reie 34, 36 an 38 ginn dann an engems schonn d’Muerte Chantenay gesat.
Vir d’éischt gëtt d’Rei ofgemooss a mat Schnouer markéiert fir eng riicht Rill kennen ze zéien.

Duerno ginn ca. 12g Spinatsom gläichméisseg iwwer déi 10m verdeelt.
D’Rei gëtt dann mat Hëllef vun engem Reech erëm zougetippt an nach eng Kéier festgedréckt.

Ee grousse Merci geet un de Jang deen mir fleisseg gehollef huet beim séinen!